De Computer Club presentéiert d'Béierfest:
Ee gudde Béier,
Kaum een zu Lëtzebuerg genehmegt sech net gären heiansdo ee kale Mini. Mä Béier ass méi wéi nëmmen ee Gedrénks - et ass een interessante Produit deen et an enge sëlleche Goût’en gëtt. All Land huet seng eege Spezialitéiten - a genee déi kann een den 1ten Februar um Béierfest zu Koplescht testen. Zu dësem Event gehéiert nämlech ënnert anerem eng Béierfoire, jiddereen dee matmécht krit 20 Zorte Béier à 10 CL ze schmaachen. Ob Pils International, Ongefiltert, Donkel oder Spezial : hei ass fir all Goût eppes dobäi.
Et gëtt awer och sportlech : Wee Loscht huet, ka bei den « olympeschen Béierspiller » matmaachen : 5 Challenger ronderëm de Béier verlaangen engem Alles of : hei ass vill kënne gefuerdert ! (Duuscht soll een am beschten och hunn)
Den Entrée um Béierfest ass iwwregens gratis, ween awer wëllt aktiv schmaache soll bis den 24. Januar 2014 30 € op de CCGK-Compte bei der BCEE:
LU45 0019 3255 9570 4000 mat der Kommunikatioun „Béierfoire, Numm, Virnumm“ iwwerwisen hunn, an op der Club Säit www.ccgk.lu registréiert hunn.
Also: den 1. Februar 2014 gëtt de Béier zu Koplescht am Wirtspesch héich liewe gelooss - Prost!